Scouten/Guiden LES PEAUX-ROUGES
B.P. 190 | L-3402 Dudelange
www.lespeauxrouges.lu | [email protected]
www.facebook.com/lespeauxrouges | 52 26 86
Ouschtercamp 08.-13.04.17 zu Bilschdrëf
Ausgab: Abrëll 2017 No. 43
INFO GROUPE
• Den 08.03.17 war d’Cérémonie vum „mérite jeunesse“, wou mär eis als Grupp présentéiert hunn mat eisem Projet „Scouts Welcome Refugees“. Mär koume mat eisem Projet op di 2. Plaz. Als Trouschtpräis goufe mär mat der Visite den 22.04.17 vum S.A.R. de Prënz Guillaume belount. Méi Detailer iwwert der Visite vum Prënz kommen am nächsten Indianer.
• Den 10.03.17 krute mär en Chèque vun 2.500€ vum IVQB (Interessen-Veräin-Quartier-Butschebuerg) iwwerreecht. Dofir nach eng Kéier ee grousse Merci un den IVQB fir dee generéise Geste!
• Den 19.03.17 huet d’Chef-Equipe en Iessen organiséiert, wat dëst Joer ënnert dem Thema „Tiroler Sonndeg“ war. Am ganzen hunn sech 84 Leit fir d’Iessen ugemellt. D’Chef-Equipe seet jidderengem Merci deen op eist Iessen komm ass! Merci och un jiddereen deen en Kaddo fir an eist Tombola ginn huet!
• Eis Ouschtereeëraktioun (01.04.17) war ee grousse Succès. Eise Grupp huet 500€ récoltéiert déi mär un der Associatioun „Diddeleng hëlleft a.s.b.l.“ spenden.
• De Sonndeg, den 21. Mee 2017, hunn mär am Kader vun der „no-hate-Speech“-Campagne (dës Campagne gëtt vum Europarot promouvéiert) d’Aktivitéit „Bréckefest“ mat der Fondatioun „Kräizbierg“. Eis Kanner a Jugendlecher ginn op enger gemeinsamer Aktivitéit mat kierperlech behënnert Persounen op Toleranz a Solidaritéit sensibiliséiert.
Iwwerreechung Chèque vum IVQB D’Chef-Equipe um „Tiroler Sonndeg“
- 2 -
FUESCAMP’EN
An der Fuesvakanz waren eng Serie Branche-Camp‘en. Eis Beaver ware vum 18. op den 19. Februar 2017 zu Käl um Camp. Am ganzen war eis Colonie zu 29 um Camp. Eis Wëllefcher ware vum 20. bis den 23. Februar 2017 op Miersch op de Fuescamp gefuer. Eis Meute war zu 26 um Camp. Eis Scouten/Guiden ware vum 18. bis den 20. Februar 2017 zu Réiser um Camp. Eis Troupe war am ganzen zu 19 um Camp.
- 3 -
ROVER-CITY-TRIP Vum 25. bis de 26. Februar 2017 war eisen traditionelle Rover-City-Trip. Den Départ war Samschdes Moies um 9 Auer op der Diddelenger Gare, an bis zu deem Zäitpunkt wossten eis Rover net wou et hin géif goen. Eis 6 Rover kruten dunn en knifflegen Rätsel deen si léisen missten fir eraus ze fannen wéi een Zuch si als nächst huele missten a wou d‘Destinatioun vum City-Trip wier. D’Opléisung vum Rätsel war kuerz résuméiert: Paräis. Mam TGV ware mär dunn fir Mëttes zu Paräis ukomm an do hate mär direkt mat engem City-Rally ugefaangen fir Paräis z‘entdecken. Géint der Owend war de Rally fäerdeg an nom Owes-Iessen an der Jugendherberge, kruten d’Rover Fräizäit. De Sonndeg ware mär fréi opgestanen, well mär fir Moies eng kulturell Aktivitéit um Programm haten; d’Visite vum Musée du Louvre. Mëttes ware mär dann als Ofschloss an engem Restaurant gutt iesse gaangen an um 3 Auer haten mär dann och schonn den TGV geholl fir zeréck op Lëtzebuerg.
- 4 -
OUSCHTERCAMP 2017
Vum 8. bis den 13. Abrëll 2017 war de ganze Grupp zesumme mam Escher Scoutsgrupp „Les Diables Rouges“, op Bilschdrëf op de Camp gefuer. Mär waren zu 92 um Camp, bis d’Beaver de Méindeg (10.04.17) nees Heem gefuer sinn. De ganze Grupp hat ee flotten a ganz sonnege
Camp zu Bilschdrëf. 😊
- 5 -
- 6 -
3. TRIMESTER SAISON 2016/2017
Hei sinn di wichtegst Events fir dat 3. Trimester.
Datum Aktivitéit
06.-07.05.17 Scouten/Guiden Explo vun der FNEL
12.-13.05.17 Explorer a Rover Raid vun der FNEL
20.05.17 Beaver-Fun-Day vun der FNEL
21.05.17 Bréckefest mat der Fondatioun „Kräizbierg“
20.-21.05.17 Scouten/Guiden-Weekend am Home
06.-08.06.17 Scouten/Guiden : Chef- a Second-de-patrouille Camp
06.-10.06.17 Explorer a Rover Päischtcamp
17.06.17 PRD-Gedrénkstand op der „Fête de la musique“
17.-18.06.17 Beaver-Weekend vun der FNEL
22.06.17 Cortège Vir-Owend vum Nationalfeierdag
01.07.17 Ofschlossrally fir de ganze Grupp
09.07.17 POW-WOW zu Mamer (08.-09.07.17 fir d’Scouten/Guiden, Explorer a Rover)
17.-28.07.17 Auslandscamp zu Feltre an Italien
_____________________________
Kannerfiesta 11.02.17
Kannerfiesta 11.02.17
- 7 - - 7 -
PRD SCOUTS-SHOP
Eise Scouts-Shop ass am 3. Trimester folgend Deeg op:
13.05.17 vun 15:30 – 18:15 Auer,
27.05.17 vun 15:30 – 18:15 Auer,
03.06.17 vun 15:30 –18:15 Auer,
17.06.17 vun 15:30 –18:15 Auer,
24.06.17 vun 15:30 –18:15 Auer,
01.07.17 vun 17:30 –18:30 Auer.
____________________________________________________
STATISTIKEN FNEL
Eise Grupp ass ënnert den Top 5 vun de gréissten Gruppen an der FNEL.
Mat 163 Memberen ënner 26 Joer (also vun Beaver bis Rover) kommen
mär op di 2. Plaz! Net dobäi gezielt sinn also; all eis Cheffen an aktiv
Memberen iwwer 26 Joer, an de Comité.
Pour l’édition du journal « Indianer »
Le Chef de Groupe: Daniel Varela